BEITRAG VUM PANEL 180GRAD
Häer Président, Häer delegéierten Minister, der Damen an der Häerren,
Fir’t echt wëll ech Iech eng kéier ganz kurz den Biergel-Panel 180grad virstellen.
Mir sin en repräsentativen Grupp fun Lëtzebuerger, déi sech zenter engem dëcken Joer intensif mam Thema Klimawandel beschäftegen.
D’Initiatif gouf fun 3 ONG-en als Expériment an’t Liewen geruf an war verbonnen mat 2 Studienreesen, déi eng an Groenland, déi aner an de Bangladesh.
Déi 20 Leit aus dem Panel hun komplett onofhängesch geschaft. Mir hun eis Experen invitéiert (z.B. den Dr Ewringmann) déi och schons fir’t Régierung Étuden gemacht hun an hun probéiert déi wëssentschaftlech Grondlagen ze verstoen an och dat „politescht Spill“ ze durchkucken.
Vleicht nach eng kéier: den 180grad ass keng ONG, keng klassech Biergerinitiatif, (et get ken President an keen Komité).
Als Birgerpanel hun mir emmens vill geléiert, vill diskutéiert, an eis op eng ganz Rei verschidden Manéieren agesat. Mir hun Ausstellungen gemacht, Strossenaktiounen, Diskussiounsronnen an verschiddenen Gemengen. Mir hun an den Zeitungen Energiespuertips publizéiert, mir hun eng Sendung Kloertext gemacht, asw.
Wien wëll’t kann sech um www.180grad iwer’t eis Aktivitäten nach méi informéieren.
*
Duerch dat Usammelen un Informatiounen an duercht d’Efahrungen op denen 2 Reesen, si mir eis bewosst gin, ewéi komplex den Thema Klimawandel ass. Mir hun begraff, dass alles zesummenhängt. Économie, Écologie, Cooperatioun, d’ Nord-Sud-problematik, Immigratioun, an och jidder Enzelenen sein Konsumverhalen.
*
No engem Joer schaffen, sin mir gezwongen festzestellen, dass déi Obklärung déi iwerall gemacht get, sech nach ëmmer net richteg an der Politik reflétéiert, an dat obwuel entretemps, firun allem, all Politiker misst wessen wat fir katastrophal Konsequenzen en ongebremsten Klimawandel mat sech zit.
*
Ech erklären Iech mol eisen Androck fun der Situation un engem Beispill:
Stellt Iech fir, mir all zesummen hei stinn zu Esch/Sauer firun der Staumauer.
D’Experen soen eis, dass d’Mauer faul ass, an dass et nëmmen eng Sach fun der Zait wär bis de Stau giff briechen.
An däer Situatioun sin mir. Platzeweis sprëtz schons Wasser durch’t Rëss aus der Mauer.
An wat machen mer: Mir diskutéieren ob mer sollen Präbelien oder Stiwelen kâfen fir net nass ze gin.
Ech mengen, wann mier mol e besschen Recull huelen, an e puer Meter fun der Mauer ewësch gin, Se eis mol richteg ukucken, ech mengen, dann begraifen mer all, dass Präbelien an Stiwelen net déi richteg Léisung sin.
An der selwechtwer Situation sin mer mam Klimawandel.
Et get zwar eng ganz Partie staatlech Aktiounen, ewéi Subvention fir spuersam Frigoen an fir energeteche Sanéierung fun Heiser oder fir privat Solaranlagen, méi wat feelt, dat ass eng global Stategie, en richtegt kohärent Konzept, wéi mir eis national an international Reduktiounzieler konkret wellen erreechen.
Als parlamentaresch Nohaltegkeetskommissioun, sid Dier an der Verpflichtung Rigierung ze dirrengelen eng Strategie aus ze schaffen, wou Sie eis seet, wéi mir eis selwergesaaten Objektiver erreechen.
An der Stratégie muß Régierung eis all och beweisen, wéi en dat mecht, fir all Joer 4% Wirtschaftswuestem mat 5% Reduktioun fun den Zairengasen ënnert en Hut ze kréien.
*
Dat ass’t Aufgab, der sech déi lëtzebuerger Politik stellen muß.
Dass mir eleng Welt net retten, (mir gewannen jo och net eleng den Krich am Afghanistan), dat wëss all Mënsch. Mée, mir wëllen eis jo och nach kënnen am Spigel kucken, an mir wëllen firun allem eisen Kanner an Kanskanner nach an’t Aen kucken.
An ausserdem, gin mir als Lëtzebuerger am Ausland schons genuch als Parasit ugekuckt.
Mir als Panel 180grad sin der Meenung:
Dass mir zu Lëtzebuerg eis Verantwortung mussen huelen, an mir mussen eis Aufgab Heiheem machen, an net eis am Ausland ob dubiose Art an Weis freikâfen.
Mir sin der Meenung, dass mer et onbedingt mussen fäerdeg brengen, innerhalb fun den nächsten puer Joer eis CO2-Emissiounen drastesch erof ze setzen.
Mir mussen den energeteschen Embau fun eiser Gesellschaft annoncéieren, plangen an durchzéihen, och wann dat eppes Gascht.
Mir erwarden also keng néi (zousätzlech) Frigoen, mee eng Stratégie, déi dem Enjeux gerecht get.
*
Wéi déi Statégie soll genau ausgesinn, kann ech Iech net direkt soen.
D’ Memberen fum Panel hun ufang fum Joer mol eng Kéier eng Lescht fun Wënsch (fir net Fuerderungen ze soen) opgestallt, e besschen fir Iech ze erféieren, fir dass der wësst wat alles op Iech zukënnt, wann der den Enjeux sérieux huelt:
1. Arufen fun engem ronnen Dësch (grenelle) fir den Klimaschutz, fir dat Thema zur nationaler Aufgab ze machen.
2. Eng éierlech an richteg Obklärung fun den Bierger iwert Réalität fum Klimawandel an Préparation fun der Bevölkerung op déi néidesch Mossnahmen. (Dat ass net nëmmen eng Aufgab fun den ONG-en oder fun Lait ewéi mir, et ass fir’t alleréischt d’Aufgab fun der Politik dat ze machen).
3. Schluss mat Alibiaktiounen. Mir brauchen eng Stategie mat kloren Zieler.
4. Obstellen fun engem 10-Joresprogramm « Klimaschutz zu Lëtzebuerg » mat denen néidegen Ressourcen an Kontrollinstanzen.
5. Créatioun fun engem Klimafong fir’t Finanzéierung fun erneierbaren Energien zu Lëtzebuerg.
6. Anféieren fun CO2-Taxen no dem Prinzip fum Pollueur = Payeur. (An dann muss awer och eng ganz Regierung derhannert stoen, an net dass rem 1 Minister domat Harakiri mëscht).
7. Progressivt Erausklammen aus dem Tanktourismus.
8. Energetesch Sanéierung fun allen Staats- an soss öffentlechen Gebeier an denen nächsten 10 Joer.
9. Ab 2011 nëmmen nach Gebeier bauen mat mindestens Niddreschenergiestandar.
10. Gemengen ënnerstetzen an hinnen méi Handlungsfreiraum ginn am Klimaschutz (ech denken un den Modell Bekerech wou’t Gemeng mat den Awunner zesummen schaft, souwait den Innenminster dat zouléist).
11. Derfir suergen, dass den IVL richteg emgesaat gett.
12. Net Nolossen bei der Förderung fum öffentlechen Transport. (baut endlech den Tram an der Stadt).
13. Förderung fun régionaler Wirtschaft an régionalem Handel.
14. Erausléisen fun der Energie aus dem Wirtschaftsministère.
15. Verstaatlechung fun der Energiewirtschaft zu Lëtzebuerg.
16. Verstaatlechung fun der Wasserwirtschaft.
17. Emstellung fun der Landwirtschaft op Biolandbau.
18. Aféierung vfun CO2-Transparenz op Produkter, Dingschtleschtungen an Infrastrukturen.
19. Schaffung fun engem Klimaministère fir Klimaschutz an erneierbar Energien.
An dann hun ech nach 2 Punkten déi ech wëll unhänken:
1) Lëtzebuerger Regierung soll esou schnell ewéi méiglech en Kooperationsvertrag mat den Malediven ënnerschreiwen. Nett fir Hinen ze hëllefen, mee fir fun Hinen ze léieren. Wëll Malediven, wëllen bis 2020 CO2-neutral sin. Ech mengen, sie wëssen firwat!
2) Mir sollen och eng Wirtschaftsdelegatioun mol an den Bengladesh schëcken. Sie sollen sech do Konsequenzen fum Klimawandel firun Aen féieren. Mir schengt et wéi wann soss eis Industrie, eisen Handel an’t Verwaltungen net à même sin den Enjeux fir’t Zukunft ze verstoen.
*
Als Panel 180grad wëllen mir en konkreten Vierschlag machen.
Bei eisen Diskussiounen sin mir zur Konklusioun komm, dass mir zu Lëtzebuerg onbedingt en Klimainstitut brauchen fir an der Klimapolitique firun ze kommen.
Den Objektif fun engem Klimainstitut wier et:
1. D’Entwëcklung fun Stratégien an kohärenten Konzepter fir’t CO2-Emissiounen ze reduzéieren.
2. Als Observatoir fun der Klimapolitique, Donnéen ze sammelen iwert Fortschrëtter fun der lëtzebuerger Klimapolitik, iwert Fortschrëtter fun der Privatwirtschaft an desem Beraich an iwert Fortschrëtter beim Verhalen fun den Bierger.
3. Den Impakt fun der Klimapolitik op Gesellschaft an’t Koopératioun ze erfassen an am Aa ze behalen.
4. Aktiounen ze starten an Aktiounen ze ënnerstëtzen déi zur Reduktioun fun den Treibhausgasen beidroen.
Als parlamentaresch Kommissioun, soll Dier der Regierung den Obtrag ginn, nach firun Kopenhagen esou en onofhängescht Institut ze krééieren. En Institut, dat der Wirtschaft, der Gesellschaft, der Chamber, dem Wirtschaft- an Sozialrot, dem Nohhaltegkeetsrot, der Uni an der Regierung an’t Hand ka schaffen.
Mir hun d’Idee bei enger Rei fun Akteuren (UNI, CSDR, CHC, CARITAS) getest, an hun direkt Zoustemmung fir’t Idee fond.
Wann dir dat och eng gud Idee fand, dann macht alles, fir dass dat Institut Wierklechkeet get an déi neideg Ressourcen gritt, fir kënnen am Interêt fun eisem Land an senger Bevölkerung ze schaffen. Eng Rei Lait am 180grad sin ob alle Fall bereet fir bei der Réalisatioun fum Klimainstitut eng Hand mat un ze packen.
Zum Ofschloss wollt ech awer nach denen Merci soen, déi et erméiglecht hun, dass den Bierger-Panel 180grad konnt un desem Hearing deelhuelen.
Et ass secher eng fun denen éischten Kéieren, dass Lait aus der net organiséierter Zivilgesellschaft Gelegenheet kruten fir an dësem héigen Haus hier Meenung kënnen ze soen.
Archivé sous: non classé | Tagué : 180grad, Chambre des députés, Commission parlementaire du développement durable, Hearing

















Exzellenten Post. « An ausserdem, gin mir als Lëtzebuerger am Ausland schons genuch als Parasit ugekuckt. » Schein riichteraus an niichtern ausgedreckt. Ech mengen, dat ass, wat vill vun eis Letzebuerger denken. Di kannerzech-patriotesch Reaktiounen op d’Aussoen vun Steinbrueck&Co virun e puer Meint hunn gewisen, dass een Nerv getraff ginn ass, wat dunn versicht ginn ass, ze verstoppen, andeems di ganz Geschicht duerch den Letzebuerg-geint-Preisen-Brell gelies an op engem Boulevardpress-Niveau diskuteiert ginn ass. Mee an verschiddener Hisiicht ass Letzebuerg nunmol mei wei Liechtenstein ewei wei Norwegen.